Reservéier deng Plaz op der welan 2023

Event - welan.lu 2024

Mat welan.lu bréngen Eppelduerfer a.s.b.l. vum 1. bis 3. November eng vun de gréissten LAN Parties vu Lëtzebuerg an d'Sportshal zu Miedernach. Dobäi gëtt de Fussballsgol duerch Dëscher, Still, Stroum- a Netzwierk-Infrastruktur fir bis zu 100 Gamer ersat.

Fir Gamer
  • Fr 1. November 12:00 – So 3. November 15:00
  • 30 € pro Plaz um Sëtzplang (Early Bird Präis inkl. 40% Rabatt)
  • 24/24h Bar Service
  • Iessen op der Plaz inkl. vegan Optiounen
  • Bestell Iessen a Gedrénks via Discord op deng Plaz
  • Tournoien: Tastaturpräzisiounsworf, Trackmania, Beer Pong, …
  • 1.000 Mbit/s Download an 500 Mbit/s Upload via LAN (gedeelt)
  • Toiletten, Duschen a Schlofberäicher um Site
  • Selektioun u Gaming Konsolen sti prett
  • Ouni Trapen a rollstullgerecht accessibel

Fir de Gaming-Setup (Tower, Schierm, Tastatur, Maus, Steckerläischt, 10m LAN-Kabel, Gaming Stull, etc.) an d’Schlofplaz (Feldbett, Schlofsak, etc.) sinn d’Gamer verantwortlech.

Fir Gruppen

Kommt als Grupp vu 5 Gamer oder méi a profitéiert vun enger Guttschrëft op de Wallet fir Iessen a Gedrénks. Bäi 5-9 Gamer 5 € pro Gamer, 10-14 Gamer 10 € pro Gamer, 15-24 Gamer 15 € pro Gamer a bäi 25+ Gamer 20 € pro Gamer. Dofir muss d'Grupp sech eng Woch firum Event beim Veranstalter umellen an eng Lëscht mat hire Gamer (Vir- a Nonumm) areechen. Fir de Bonus ziele just Gamer op der Lëscht, déi eng Woch firum Event hier Plaz reservéiert an d’Startgeld bezuelt hunn.

Fir Gäscht

De Site ass och fir Gäscht zougänglech fir eng Entrée vun 10 € pro Persoun, mat der Entrée kritt dir ee Gedrénksbong vun 10 € den net remboursabel ass. Fir Kanner ënner 12 Joer ass den Entrée fräi.

Sëtzplang - welan.lu 2024 (50/93)