Reservéier deng Plaz op der welan 2023

Reegelen

Mam Deelhuelen um Event erkenne Participanten (Gamer a Gäscht) d’Reegelen op dëser Säit un. Dës preziséiere Rechter a Flichte vu Veranstalter a Participanten a sollen zu enger respektvoller a positiver Atmosphär um Event bäidroen.

Läscht Aktualiséierung: 30. Mäerz 2024, 14:00 Auer

I. Veranstalter

  • D’Event welan, weiderhin “Event” genannt, gëtt vun der Eppelduerfer Asbl., enger Vereenegung ouni Gewënnzweck, weiderhin “Veranstalter” genannt, organiséiert. D'Statutten, deenen d’Eppelduerfer Jugend ënnerläit, sinn op der Websäit eppelduerfer.lu ëffentlech zougänglech.
  • De Veranstalter refuséiert all Verantwortung betreffend der Gesondheet an dem Eegentum vun de Participanten, esoulaang dem Veranstalter an dësem Fall keng Absicht oder “faute grave” virgeworf ka ginn.
  • De Veranstalter verflicht sech all technesch Mängel (z. B. Stroumnetz, Netzwierk, Bestell- a Bezuelsystemer) esou séier, wéi méiglech, an innerhalb hire Méiglechkeeten, ze behiewen. All Operatiounsgarantie sinn ausgeschloss.
  • Sollt eng vun de Reegelen an dësen Dokument annuléiert ginn, ass d’Wierksamkeet vun den anere Reegelen dovun net betraff.

II. Participanten

  • D'Instruktioune vum Veranstalter an hirer Crew mussen ouni Aschränkung befollegt ginn.
  • Fëmmen ass um ganze Site innerhalb vun de Reimlegkeeten ënnersot.
  • Bis op “Snacks” ass d’Matbrénge vun eegenem Iessen a Gedrénks op de Site vum Event ënnersot. Bäi Allergien oder aner gesondheetlechen Aschränkunge kann de Veranstalter individuell Ausname vun dëser Reegel zouloossen. Dëst ass virum Event oofzekläeren.
  • All Stéierung (z. B. Aschränkung, Ausfall) un der Infrastruktur (z. B. Stroumnetz, Netzwierk), déi vun engem Participant mat Virsaz, direkt oder indirekt, provozéiert gëtt (z. B. duerch Sabotage oder Manipulatioun), kann zum Ausschloss vum Event féieren.

III. Gäscht

  • Persounen, déi onugemellt, an domat ouni Sëtzplaz, de Site vum Event betrieden, och “Gäscht” genannt, duerfen dëst, wann se eng Entrée bezuelen an dëst noweise kënnen.
  • Gäscht ënner 12 Joer duerfen, bäi Begleedung vun enger erwuessener Persoun, de Site vum Event ouni Entrée betrieden.

IV. Gamer

  • Ab 16 Joer duerf eng Persoun als “Gamer” mat enger Sëtzplaz um Event deelhuelen.
  • All Gamer hu virun der Urees d’Startgeld fir hier Sëtzplaz bezuelt a kënnen dëst, wann néideg, och noweisen (Iwwerweisung).
  • De Remboursement vum Gamer Startgeld ass just da méiglech, wann de Veranstalter d’Event annuléiert oder keng Sëtzplaz zur Verfügung stelle kann. Virun allem ass de Remboursement opgrond vu Krankheet o.ä. net virgesinn.
  • D'Bestëmmunge vum Veranstalter betreffend d’Uschléisse vu perséinlechem Material musse befollegt ginn. Dëst gëllt besonnesch fir den Uschloss un d’Stroumnetz a Netzwierk (LAN).
  • Gamer verflichten sech vun illegalen Aktivitéiten ofzegesinn. Déi folgend Aktivitéite sinn dobäi besonnesch ervirgehuewen: Software, Musek a Video Piraterie; Verdeelung vu verbueden Donnéeën; Behënnerung oder Schied u Systemer vun Drëtten.
  • Lizenzconditiounen fir Software (z. B. Windows, Software EULAs) sinn ze respektéieren. D’Haftung duerch de Veranstalter ass ausgeschloss.
  • Gamer si fir d’Donnéeën op hirem Material verantwortlech.
  • Gamer si fir de Schutz, d’Sécherheet an d’Funktionalitéit vun hirem Material verantwortlech. De Veranstalter leescht keen technesche Support iwwert déi gedeelten Infrastruktur (Stroumnetz a Netzwierk) eraus.
  • Elektresch Geräter, déi net direkt mat dem Gaming Setup, resp. der perséinlecher Hygiène oder Gesondheet verbonne sinn, duerfen net um Site ugeschloss ginn. Heibäi si Waasserkocher, Uewen a Mikrowelle besonnesch als net zoulässeg ervirgehuewen.
  • Sollte Gamer déi gedeelten Netzwierkinfrastruktur ze staark belaaschten (z. B. onnéideg vill Download oder Upload) behält sech de Veranstalter d'Recht fir, déi betraffen Netzwierkverbindung(en) ze drosselen oder ze spären.

Am Interessi vun der Gesondheet appelléiert de Veranstalter d’Gamer vill Pausen ze maachen a verantwortungsvoll mat Alkohol, Koffein an Zocker ëmzegoen. Gamer, déi mam Auto ureesen, sollen firun der Heemreess genuch Schlof aplange fir hir eege Sécherheet um Heemwee ze garantéieren.

V. Community Reegelen

  1. Géi mat Empathie a Frëndlechkeet op Gamer a Gäscht duer a sierf oppe fir hier Meenungen an Usiichten.
  2. Ënnerlooss all Form vu Mobbing, Diskriminéierung oder Belästegung.
  3. Ënnerlooss all Form vun Trolling an/oder Flaming. Provozéier keng aner Gamer oder Gäscht a léiss keng onnéideg Konflikter aus.
  4. Ënnerlooss all Form vun ëffentlecher a privater Gewalt, physesch a psychesch, Gamer oder Gäscht géigeniwwer.
  5. Hal de Server fräi vu Spam. Widderhuel dech net méi wéi néideg a vermeit onnéideg Inhalter ze posten.
  6. D’Verbreedung an Erofluede vun onerlaabten Inhalter ass verbueden. Onerlaabt sinn all Forme vun Texter, Biller, Videoen a Programmer déi illegal, rassistesch, gewaltverherrlechend, diskriminéierend oder pornografesch Inhalter weisen.
  7. Et kënnen der nëmme 7 sinn.
  8. Respektéier d'Privatsphär vun all de Gamer a Gäscht a publizéier keng privat Informatiounen ouni d’Autorisatioun vun der betreffender Persoun.
  9. Respektéier d’Instruktioune vun der Crew, de Moderatoren a Veranstalter.
  10. Mell all Verstouss géint des Reegelen am Discord Channel “Support”, bäi engem Moderator oder iwwer contact@eppelduerfer.lu.

Dës Reegele sollen zu enger respektvoller a positiver Atmosphär op dem Discord Server an op den Events bäidroen. D’Brieche vun enger oder méi vun dëse Reegele kann zu engem temporären oder definitiven Ausschloss vum Discord oder/an dem Event féieren. Des Entscheedung gëtt vun de Moderatoren an/oder vum Veranstalter getraff an ass ze respektéieren. D’Gamer Startgeld gëtt am Fall vun engem Ausschloss net rembourséiert.