Mat welan.lu bréngen Eppelduerfer a.s.b.l. vum 6. bis 8. November déi 4. Editioun vun enger vun de gréissten LAN Parties vu Lëtzebuerg an d'Sportshal zu Miedernach. Dobäi gëtt de Fussballsgol duerch Dëscher, Still, Stroum- a Netzwierk-Infrastruktur fir bis zu 111 Gamer ersat.
Fir Gamer Fr 6. November 12:00 – So 8. November 12:00
57€ Early Bird bis de 26. Juli um 19:00 Auer! Duerno 77€ pro Plaz
24/24h Bar Service
Iessen op der Plaz inkl. vegan Optiounen
Bestell Iessen a Gedrénks via Discord op deng Plaz
Tournoien: Tastaturpräzisiounsworf, Trackmania, Beer Pong, avm.
Highspeed Glasfaser-Internet via LAN (gedeelt)
Sanitär- a Schlofberäicher um Site
Arcade-Spillberäich mat Flipperen a Spillkonsolen, avm.
Rollstullgerecht accessibel
Fir de Gaming-Setup (Tower, Schierm, Tastatur, Maus, Steckerläischt, 5m LAN-Kabel, Gaming Stull, etc.) an d’Schlofplaz (Feldbett, Schlofsak, etc.) sinn d’Gamer verantwortlech.
Fir Gruppen Kommt als Grupp vu 5 Gamer oder méi a profitéiert vun enger Guttschrëft op de Wallet fir Iessen a Gedrénks. Bäi 5-9 Gamer 5 € pro Gamer, 10-14 Gamer 10 € pro Gamer, 15-24 Gamer 15 € pro Gamer a bäi 25+ Gamer 20 € pro Gamer. Dofir muss d'Grupp sech eng Woch firum Event beim Veranstalter (contact@welan.lu ) umellen an eng Lëscht mat hire Gamer (Vir- a Nonumm) areechen. Fir de Bonus ziele just Gamer op der Lëscht, déi eng Woch firum Event hier Plaz reservéiert an d’Startgeld bezuelt hunn.
Fir Gäscht De Site ass och fir Gäscht zougänglech fir eng Entrée vun 10 € pro Persoun, mat der Entrée kritt dir ee Gedrénksbong vun 10 € den net remboursabel ass. Fir Kanner ënner 12 Joer ass den Entrée fräi.